Pickup Service
Äre Kontrollzertifikat leeft gläich of an Dir hutt keng Loscht selwer an d’Kontroll ze fueren?
An deem Fall muss Dir net op Ären Auto verzichte well d’Ekipp vun der “Luerenzweiler Kontrollstatioun” kann Iech en ”Pickup Service” offréieren.
Mat engem einfachen Uruff op d’Nummer 28 22 43-333 kënnt Dir vu follgende Servicer profitéieren:
- Reservatioun vun engem Rendez-vous op der Kontrollstatioun wéini et Iech am beschte passt.
- Mir kommen den Auto duerch eise Partner ‘Ct-go’ bei Iech heem sichen.
- Méiglechkeet op der Platz boer oder mat der Kaart ze bezuelen.
- Ären Auto gëtt duerch déi technesch Kontroll gefuer ouni Dir Iech musst deplacéieren.
- No der Kontroll brénge mir Ären Auto erëm bei Iech heem.
- Mir erklären Iech d’Resultat vun der Kontroll an den techneschen Zoustand vum Auto.
- Wärend dem ganzen Zäitraum ass Ären Auto vun eiser Assurance verséchert.
De Pickup Service gëtt getrennt vun eisem Partner www.ct-go.lu a Rechnung gestallt.
D’Präisser vum “Pickup-Service”: 95,50€
Zu dësem Tarif kënnt de Präis vun der technescher Kontroll dobäi (zu den Tarifer).
Dëse Präis versteet sech inklusive TVA a gëllt nëmmen um Territoire vum Groussherzogtum Lëtzebuerg.
Profitéiert vun eisem Service andeems der eis per Telefon kontaktéiert:
28 22 43-333