LU KS
|
Kontrollstatioun zu Luerenzweiler a Gasperech
Rendezvous: 28 22 43-333
Receptioun: 28 22 43-1
Olas

Wéi soll een säi Gefier fir déi technesch Kontroll preparéieren?

Mir soen Iech Merci dass Dir déi ‘Luerenzweiler Kontrollstatioun (LU KS)’ fir déi technesch Kontroll vun Ärem Gefier ausgewielt hutt! Fir dass Ären Openthalt bei eis esou agreabel wéi méiglech gëtt a fir de Risiko vun engem onnéidegen Duerchfalen ze limitéieren géifen mir Iech virschloen déi folgend Rotschléi ze befollegen:

1. Receptioun vum Gefier

Bei der LU KS këmmert eis Personal sech em Ärt Gefier vum Ufank bis zum Schluss. Soubal Dir op eiser Parkplaz ukommt, stationéiert Äert Gefier a kommt mat de Pabeieren an dem Schlëssel an eis Receptioun.

Wann Dir dat wënscht, dann ass et Iech natierlech méiglech, Äert Gefier op sengem ganzen Trajet bei eis ze begleeden. Sot dann just bei eisen Mataarbechter an der Receptioun vun der Kontrollstatioun Bescheed. Et gëtt geroden keng Saachen am Gefier leien ze loossen well mir keng Verantwortung am Fall vun hirem Verloscht iwwerhuelen kënnen.

 

2. Pabeieren

Iwwerpréift op Dir all obligatoresch Dokumenter derbäi hutt fir an der Receptioun ofzeginn an dass déi aktuell Autossteier bezuelt ass.

D’Präsenz vun der Assurancekaart, ënnerschriwwen a gülteg ass genee esou obligatoresch wéi déi vun der groer Kaart. De Fall gesat ass d’Präsenz vum leschte Kontrollzertifikat a vum europäeschen Konformitéitszertifikat ganz nëtzlech. Wann Äert Gefier ëmgeännert gouf fir mat LPG oder Äerdgas kënnen ze fueren, dann denkt w.e.g. och drun fir déi dozou passend Zertifikater vum Tank matzebréngen, ausgestallt vum Installateur. 

 

3. Technesch Ëmännerungen

Am Fall wou Dir technesch Ëmännerungen un Ärem Gefier maachen gelooss hätt (z.B. Felgen a Pneuen mat aneren Moosen am Kader vum saisonalen Wiessel, ëmgeännert Suspensioun, elektronesch Upassung vun der Motorleeschtung, Installatioun vun engem LPG- oder Äerdgastank, etc.), iwwerpréift bei der SNCA op des Ëmännerung net obligatorescherweis muss Bestanddeel sinn vun enger individueller Receptioun déi an d’gro Kaart agedroen gëtt.

4. Sécherheetsaccessoiren

Et ass obligatoresch an all Gefier wéinstens eng Secherheetswest an e Secherheetsdräieck ze hunn. Et gëtt geroden des gutt siichtbar op den Bäifuerersëtz ze leeën.

5. Loftdrock
an de Pneuen

Profitéiert vun der technescher Kontroll vun Ärem Auto fir de Loftdrock an de Pneuen ze iwwerpréiwen an, wann dat sollt néideg virdrun sinn, dësen no den Virschrëften vum Hiersteller unzepassen.

6. Fënsterwäschanlag

Iwwerpréift op den Tank vun der Fënsterwäschanlag genuch gefëllt ass fir dass d’Anlag funktionéiert.

7. Kontrollpunkten

Kuckt Iech d’Lëscht mat deene verschiddene Kontrollpunkten op eisem Internetsite un fir Iech domat ze familiariséieren.

8. Wann Dir Froen hutt

Wann Zweiwel bestinn iwwert d’Konformitéit vun dem engen oder aneren Kontrollpunkt, frot Ären Garagiste ier der bei d’ LU KS kommt.

Dëst kann Iech eventuell eng Nokontroll erspueren.

Konformitéit zu der rechtlech Situatioun

Mir wäerten dësen Kontroll konform zum ‘Règlement grand-ducal du 26 janvier 2016 sur le contrôle technique des véhicules routiers et portant modification du règlement grand-ducal modifié du 12 août 2008 portant application de la directive 2006/22/CE du Parlement européen et du Conseil du 15 mars 2006 établissant les conditions minimales à respecter pour la mise en oeuvre des règlements du Conseil (CEE) n° 3820/85 et (CEE) n° 3821/85 concernant la législation sociale relative aux activités de transport routier et abrogeant la directive 88/599/CEE du Conseil’ duerchféieren.

Méi gewuer ginn +

Mir wënschen Iech en agreabelen Openthalt bei eis.