LU KS
|
Kontrollstatioun zu Luerenzweiler a Gasperech
Rendezvous: 28 22 43-333
Receptioun: 28 22 43-1
Olas

Iwwer d’LU KS

Experten an Ärem Déngscht

D ‘Luerenzweiler Kontrollstatioun s. à. r. l.’ (LU KS) ass eng komplett privat an onofhängeg Gesellschaft déi vu Lëtzebuerger Spezialisten gegrënnt gouf déi iwwer eng laang Erfarung am Beräich vun der Autosexpertise an der reglementarescher technescher Kontroll verfügen.

Eng onofhängeg Gesellschaft

D’Onofhängegkeet vun der LU KS ass de beschte Garant vun der strikter Neutralitéit mat där déi technesch Kontrollen ausgewäert ginn. An der selwechter Optik stellt d’LU KS de Client an de Mëttelpunkt vun hire Beméiungen.

Des Ustrengung kënnt esou wuel de privaten- wéi och professionellen Clienten ze gutt. Fir hir Clienten esou effikass ewéi méiglech ze zerwéieren gitt Dir ausschliisslech op Rendezvous empfaangen.

D’Kontroll vum Gefier

Eist Personal këmmert sech em Äert Gefier wärend sengem Parcours an eisen Installatiounen. An där Zäit waart Dir an aller Rou an eisem Waardesall op d’Resultat vum Kontroll vun Ärem Gefier. Et ass dem Client natierlech fräigestallt, wann hien dat wënscht, säi Gefier wärend dem Oflaf vun der Kontrolloperatioun ze begleeden.

Qualitéitshandbuch

> Kuckt d’Qualitéitshandbuch