Äert Gefier ass an der technescher Kontroll duerchgefall.
Wat kann een an dësem Fall maachen?
![LUKS-rejet1](https://luks.lu/wp-content/uploads/2020/11/LUKS-rejet1.png)
E puer Rotschléi fir Iech Zäit an onnéideg Käschten ze erspueren :
• Zéckt net eis Mataarbechter ze kontaktéieren wann Dir weider Informatioune braucht!
• Fixéiert direkt e Rendezvous fir eng Nokontroll well…
– … den ausgestallten Kontrollzertifikat ass nëmmen 28 Deeg gülteg…
– … ënner der Konditioun dass der Äert Gefier an d’Rei bruecht hutt!
– Bucht also séier en Rendezvous bei Ärem Garagist!
Vermeit no deenen 28 Deeg mat Ärem Gefier zréckzekommen well dann erëm eng ganz Kontroll zum entspriechenden Tarif gemaach muss ginn.
![LUKS-rejet2](https://luks.lu/wp-content/uploads/2020/11/LUKS-rejet2.png)
Nieft eiser Internetsäit kënnt Dir och e Rendezvous per Telefon huelen:
28 22 43-333